energieatelier

Wëllkomm am Energieatelier vum Kanton Réiden

Wee si mir?

Den Energieatelier vum Kanton Réiden kann Iech bei Froen zu Theme wéi Energiespueren, erneierbar Energien, nohalteg Renovéierung, Neibau a Mobilitéit hëllefen.

D’Finanzéierung vum Energieatelier leeft iwwert déi 10 Gemenge vum Réidener Kanton an iwwert d'Klima-Agence. Den Energieatelier ass offiziellen Infopoint vun der Klima-Agence fir de Réidener Kanton.

Dir fannt eis zu Réiden an der Groussgaass an der Infostuff.

Eis Equipe

 
Tom Guenther
Energieberoder


 

 

Energie-Hotline:

Tel: 28 33 44

info@energieatelier.lu

Wat bidde mir un?

Bei Froen zu folgenden Theme kënne mir Iech weiderhëllefen:

  • Energie spueren an erneierbar Energien (Sonn, Holz, Wand a Waasser)
  • Gesond a nohalteg bauen a renovéieren, de Choix vum richtege Material
  • Berodung zu Fiichtegkeet a Schimmel
  • Nohalteg Mobilitéit: douce Mobilitéit, ëffentlechen Transport an Elektromobilitéit
  • Staatlech a kommunal Subsiden fir Äre Projet
PV