Wëllkomm beim Service Environnement vum Kanton Réiden

(fréieren Energieatelier)

Am Kader vun der neier Kommunikatiounsstrategie kritt den Energieatelier en neien Numm a gehéiert an Zukunft zum neie Service Environnement vum Kanton Réiden.

 
An den nächste Méint wäerten nach e puer weider interessant Neiegkeete kommen :

- E ganz neien Internetsite mat vill méi Informatiounen.

- Dir wäert dann d'Méiglechkeet kréien d'Primme méi einfach online iwwert den neien Internetsite unzefroen.

Wee si mir?

De Service Environnement vum Kanton Réiden kann Iech bei Froen zu Theme wéi Energiespueren, erneierbar Energien, nohalteg Renovéierung, Neibau a Mobilitéit hëllefen.

D’Finanzéierung vun dësem Service leeft iwwert déi 9 Gemenge vum Réidener Kanton an iwwert d'Klima-Agence.

De Service Environnement vum Kanton Réiden ass den offiziellen Infopoint vun der Klima-Agence fir de Réidener Kanton.

Dir fannt eis zu Réiden an der Groussgaass op der Nummer 43.

Eis Equipe

Tom Günther
Energieberoder

 

 

Energie-Hotline:

Tel: 28 33 44

environnement@kanton-reiden.lu

Wat bidde mir un?

Bei Froen zu folgenden Theme kënne mir Iech weiderhëllefen:

  • Energie spueren an erneierbar Energien (Sonn, Holz, Wand a Waasser)
  • Gesond a nohalteg bauen a renovéieren, de Choix vum richtege Material
  • Berodung zu Fiichtegkeet a Schimmel
  • Nohalteg Mobilitéit: douce Mobilitéit, ëffentlechen Transport an Elektromobilitéit
  • Staatlech a kommunal Subsiden fir Äre Projet
PV